VIDEO - FedasEng Fusioun, fir zesumme méi staark ze sinn

D'Fedas ass entstanen aus der "Entente des Gestionnaires des Centres d'Accueil" an der "Entente des Foyers de Jour".

Fedas: Zesumme méi staark (27.06.2018)
Fedas: Zesumme méi staark (27.06.2018)

play-rounded-fill play-rounded-outline play-sharp-fill play-sharp-outline
pause-sharp-outline pause-sharp-fill pause-rounded-outline pause-rounded-fill
00:00
01:26 01:26
CCHD
Closed CaptionsNo subtitles
D'"Federation des acteurs du secteur social au Luxembourg" regruppéiert d'"Entente des Gestionnaires des Centres d'Accueil" an d'"Entende des Foyers de Jour".
Den Numm steet fir "Federation des acteurs du secteur social au Luxembourg".

Dora regruppéiert si Jugendhaiser, Foyeren, Spideeler an Altersheemer, fir nëmme vereenzelter ze nennen.

Fedas: Reportage Yannick Mertens
00:00



Dës Fusioun wäert budgetär fir 2018 keng zousätzlech Käschte generéieren.

"Et ass eng Fusioun, déi wichteg war, fir d'Membere méi staark virun de Ministèren ze representéieren, awer och fir e wichtege Gespréichspartner ze ginn", housch et op der Presentatioun.

Froen, déi d'Fedas beschäftegen an déi am Dialog mat deene vereenzelte Ministèrë musse gekläert ginn, sinn ënnert anerem déi vum Rekrutement vun engem Secteur, deen expandéiert, mä net nëmmen.

Fir déi kommend Legislaturperiod huet d'Fedas schonn en Dossier mat wichtege Punkten ausgeschafft, fir mat der nächster Regierung doriwwer ze diskutéieren an eng Léisung ze fannen.

© Pierre-Marie Koch


Publicité

Är Commentairen - Netikett