Psychologesch Sécherheet op der Aarbechtsplaz fërderen


Description

Objectifs / Ziele

D’Zil vun der Formatioun ass et d’Konzept vu psychologescher Sécherheet verständlech ze maachen an duerzestellen, wéi et kann agesat gi fir méi effizient, produktiv an inklusiv Equippen ze schafen. Duerch eng Mëschung vu Presentatiounen an interaktiven Aktivitéite léieren d'Participanten, wéi si d'psychologesch Sécherheet an hirem Team oder an hirer Organisatioun promouvéiere kënnen unhand vu praktesche Fäegkeete fir Vertrauen ze schafen, effektiv ze kommunizéieren an eng Kultur vum Respekt, vun der Offenheet an der Zougehéieregkeet z’implementéieren.


Um Enn vun dëser Formatioun, sinn d'Participante fäeg :

• Psychologesch Sécherheet an d’Wichtegkeet dovun op der Aarbechtsplaz ze definéieren.

• D’Facteuren ze identifizéieren, déi e positiven oder e negativen Impakt op d'psychologesch Sécherheet hunn.

• Fäegkeeten ze entwéckele fir Feedback ze ginn an ze kréien, aktiv ze lauschteren an effektiv ze kommunizéieren, fir d'psychologesch Sécherheet ze fërderen. • D'Roll vum Leadership am Schafe vun engem psychologesch sécheren Aarbechtsëmfeld ze erkennen.

• D’Barrièren am Fërdere vun der psychologescher Sécherheet ze erkennen a ze iwwerwannen

Contenus / Inhalte

-Psychologesch Sécherheet verstoen

- Wéi eng Facteure beaflossen d’psychologesch Sécherheet

- D’Roll vun de Leadere fir d’Promotioun vun der psychologescher Sécherheet

- Fërdere vun der psychologescher Sécherheet an der Praxis

Méthodes / Methoden

Theoretesche Virtrag

Austausch an der Grupp

Praktesch Aufgaben

Public cible / Zielgruppe

Chargés de direction

Domaine / Themenbereich

Sécurité et santé au travail

Spécification / Spezifikation (INCL/PL)

Non spécifique

Information supplémentaire/Zusätzliche Information

La formation fait partie du Cycle de formation - Masterclass Management SEA

  • Sur demande
  • Cycle Sécurité et santé au travail
  • Luxembourgeois
  • FEDAS-914-E