Se rendre au contenu

Berufflech Wäerter an enger Ekipp ausschaffen


Sessions

En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.

Description

Vierwat sech aschreiwen?

Wäerter sinn a ville Strukturen an Dokumenter, Konzepter oder Charten formuléiert. Am Alldag ginn se awer virun allem an de konkrete Situatiounen sichtbar : an der Kommunikatioun, an Entscheedungen, an der Zesummenaarbecht, am Ëmgang mat Konflikter, an der Haltung vis-à-vis vu Beneficiairen, Famillen a Kolleeginnen a Kollegen.


Dës Formatioun hëlleft de Participanten, Wäerter an enger Ekipp ze definéieren, ze klären an aus dem abstrakte Beräich an de konkrete Beruffsalltag ze bréngen. Et geet ëm Froen wéi : Wéi eng Wäerter droen eis Aarbecht ? Wat bedeiten se konkret fir eis Ekipp ? Wéi gi se am Alldag sichtbar ? A wéi gi mir domat ëm, wann eenzel Wäerter a Spannung geroden ?


E wichtegen Deel vun der Formatioun besteet doran, gemeinsam ze kucken, wéi eng Wäerter scho gelieft ginn, wéi eng nach net kloer genuch sinn, a wéi eng gemeinsam Repèren d’Ekipp brauch, fir méi kohärent ze schaffen.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • als Ekipp ze definéieren an se net nëmmen als allgemeng Prinzipien ze verstoen
  • tëscht deklaréierte Wäerter, geliewte Wäerter a gewënschte Wäerter ënnerscheeden
  • Wäerter gemeinsam ze formuléieren and hir Bedeitung klären
  • Wäerter a Verhalen, Kommunikatioun, Entscheedungen an Teamkultur ëmzesetzen.


Méthoden a Programm

D’Formatioun ass interaktiv a participativ. D’Participante identifizéieren, prioriséieren a konkretiséieren déi wichtegst Wäerter fir hir Ekipp a iwwersetzen se a konkret Verhalensrepèren a praktesch Handlungen. Zum Ofschloss entwéckele si eng éischt Wäerterkaart a definéieren hir perséinlech Transferschrëtt.

Gutt ze wëssen:

Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.

Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.

  • 20/09/2027
  • Anne Goeres
  • NEW 2027
  • Luxembourgish
  • FEDAS-3810