D' Konzept Giraffendram


Description

Vierwat sech aschreiwen?

An dëser Formatioun léiert Dir déi wäertschätzend an uechtsam Kommunikatioun nom Modell vun der GFK kennen- an übt se unhand vu konkrete Beispiller aus dem Aarbechtsalldag unzewenden.  

D’GFK ass d’Sprooch déi vum Häerz kënnt och “Giraffesprooch“ genannt. Et geet drëms ze erkennen , wat a mir virgeet, wat ech fillen, ouni deem aneren d’Verantwortung dofir ze gin an ouni deen aneren ze verurteelen. Ech soen deem aneren och, wat ech brauch (mäi Bedürfnis) an ech äusseren e Wonsch, wei deen aneren dozou ka bäidroen mäi Bedürfnis ze erfëllen. Oder ech kucken wei et deem anere geet (Gefill), wat hie brauch (Bedürfnis) a froen hien wei ech kann dozou bäidroen, dass säi Bedürfnis erfëllt gëtt.

Net ëmmer muss ech all Schrëtt duerchmaachen, heiansdo ass dëst just fir mech, fir ze verstoen wei et mir geet fir dass ech bereet gin mech opzemaachen an empathesch op deen aneren duerzegoen. Heiansdo geet et duer wann ech just verstinn wat am Kand virgeet an duerch e Laachen, eng Emärmelung weisen ech dem Kand dass ech  fir et dosinn.

D’GFK geet dervun aus dass all Mënsch handelt fir seng Bedürfnisser ze erfëllen. D’Strategie déi hien dobäi auswielt, ass „dat Schéinst a Bescht“ wat him zur Verfügung steet fir erfollegräich ze sinn.

D’Bedürfnisser sinn bei eis all gläich, do wou mir eis ënnerscheeden ass, wei eng Strategie mir wielen an et ass och op dëser Strategie-Ebene wou d’Konflikter entstinn. Wichteg heibäi ass, dass deen anere verstoen net bedeit guttheeschen, wat hie gemaach huet. Dobäi ass den Erwuessenen e wäertvolle Spigel, e Guide andeems en dem Kand réckmeld, wat seng Strategie bei aneren fir Gefiller ausléisst an d’Kand lues a lues mierkt wei eng Strategie fruchtbar ass an wei eng net dat bréngt wat hatt brauch, éischter nach de Contraire.

Dir léiert de Projet "Giraffendram" vum Frank Gaschler kennen a mir gin de Projet praktesch zesummen duerch. Dobäi bleift jidderengem genuch Spillraum de Giraffendram duerch Spiller, Lidder etc. individuell ze gestalten an en der Struktur an dem Alter vun de Kanner unzepassen. De Giraffendram ass esou opgebaut dass d’Kanner mat Hëllef vun engem Giraffekand déi 4 Schrëtt vun der GFK kenneléieren an nom Projet mat Hëllefsmaterial a mat hiren Ezéier*innen sech wäertschätzend begéine kënnen.

No 1 Mount gesi mir eis kuerz fir 2 Stonnen, wou jiddereen säin individualiséierten Projet ka virstellen a wou Froen zu der Ëmsetzung an zum Material kënne beäntwert gin. Zu gudder Lescht gesinn mir eis nach emol no 6 Méint fir en Erfahrungsaustausch.  


No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

- déi eegen Haltung am Kontakt mat anere reflektéieren

- déi 4 Schrëtt vun der GFK kenneléieren an üben

- Konfliktléisungen déi d'Bedürfnisser vu jidderengem berécksiichtegen

- de Projet "Giraffendram" kenneléieren, ausschaffen an un d'strukturell Bedingungen upassen


Méthoden

 

- kuerz theoretesch Impulser veranschaulecht duerch Beispiller aus der Praxis

- Übungen am klengen a grousse Grupp


Dës Formatioun ass vir Iech, wann

Personnel encadrant

D'Formatioun ass validéiert:

Cette formation est reconnue par le Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse.

Elle est spécifiée dans le domaine -  Emotions et relations sociales  
Veuillez noter que la formation rentre dans le cadre du dispositif mis en place pour le secteur de l’éducation non formelle.



Claudine Ihry est éducatrice graduée et chargée de direction adjointe dans une crèche et « Multiplikator fir den Projet Giraffendram »


Sessions and planning