Diversity Management am soziale Beräich – Villfalt erkennen, gestalten a notzen
Sessions
En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.
-
06.02.2026 03:00:00 - Duration: 7H - Chambre des Metiers 2, Circuit de la foire internationale Luxembourg-Kirchberg 1347 Luxemburg
-
27.02.2026 03:00:00 - Duration: 7H - Chambre des Metiers 2, Circuit de la foire internationale Luxembourg-Kirchberg 1347 Luxemburg
Description
Firwat sech aschreiwen?
Wat bedeit Diversity Management eigentlech – a firwat ass et grad am soziale Beräich esou eng wichteg Thematik? Dësen Workshop bitt eng Aféierung an de Konzept vum Diversity Management, erkläert seng Urspréng an setzt de Fokus op Chancen, Erausfuerderungen a Noutwendegkeeten fir sozial Strukturen a Servicer zu Lëtzebuerg.
Lëtzebuerg ass geprägt vu gesellschaftlecher Diversitéit – zum Beispill a Bezuch op Sprooch, Hierkonft, Relioun, Geschlecht, Alter oder individuell Liewensformen. Dës Realitéit spigelt sech och an der Zesummesetzung vun Equippen an Ariichtungen, an an der Diversitéit vun de Zielgruppen erëm. Diversity Management huet zum Ziel, dës Villfalt aktiv ze gestalten a bewosst als Ressource ze notzen – bannen an no baussen.
Wann Diversity Management geléngt, kann et net nëmme fir e besseres Aarbechtsklima suergen, mee och d’Zefriddenheet an d’Motivatioun vun de Mataarbechter·innen erhéijen – virun allem dann, wann ënnerschiddlech Perspektiven héier a gesi ginn. Migrantesch Erfahrungen an d‘Perspektiven vun anere marginaliséierte Gruppen droen dozou bäi, d’Strukturen an den Organisatiounen méi inklusiv ze gestalten. De Bléck op Diversitéit bitt Verännerungspotenzialer – fir Teams, Offeren, Kommunikatioun an d’Organisatiounskultur. Och no bausse ginn duerch esou Approche kloer Signaler ausgesent: Zielgruppen fille sech gesinn, eescht geholl a bauen Vertrauen op.
Mee wou et Chancen gëtt, do ginn et och Erausfuerderungen: Diversity Management rifft dozou op, bestoend Strukturen, Hierarchien a Prozesser kritisch ze hannerfroen. Et geet ëm eng Ausernanersetzung mat Normen, mat Gewunnechten – an och mat där Fro, ob „sou hu mir dat ëmmer gemaach“ nach zukunftsfäheg ass.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
Am Workshop ginn dës Aspekter op interaktiv Manéier vermëttelt:
- Wat ass Diversity Management, wouhier kënnt de Begrëff a wéi ka se am soziale Kontext ëmgesat ginn?
- Wéi hänkt Diversitéit mam Thema Diskriminatioun zesummen – a firwat ass et esou wichteg, sech am soziale Beräich bewosst domat auserneen ze setzen?
- Wéi kënnen konkret Schrëtt ausgesi fir Diversitéit an der eegener Struktur ze fërderen – a wéi eng Hürden kënnen dobäi optrieden?
Méthoden
Déi zwee Workshopdeeg bidden Raum fir (Selbst-)Reflexioun, Input, Austausch an eng praktesch Orientéierung.
Den éischten Dag féiert an d’Grondlagen an déi zentral Begrëffer eran.
Den zweeten Dag gräift d’Erfarungen an d’Froen op, déi an der Tëschenzäit entstane sinn, an d’Inhalter ginn a klenge Gruppen a konkrete Beispiller weider verdéift.
Gutt ze wëssen:
Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.
Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.