"𝐾𝑙𝑒𝑛𝑔 𝐴𝑆𝐵𝐿𝑒𝑛 𝑏𝑟𝑎𝑢𝑐ℎ𝑒 𝑚𝑎𝑚 𝑛𝑒𝑖𝑒𝑛 𝐴𝑆𝐵𝐿 𝐺𝑒𝑠𝑒𝑡𝑧 𝐹𝑒𝑑𝑒𝑟𝑎𝑡𝑖𝑜𝑢𝑛𝑒 𝑓𝑖𝑟 𝑧𝑒 𝑖𝑤𝑤𝑒𝑟𝑙𝑖𝑒𝑤𝑒𝑛"
Thomas Lentz, Secrétaire Général - FEDAS Luxembourg
D'FEDAS Luxembourg huet den 19 Juni un der table ronde ASBL Labo deelgeholl, coorganiséiert mat der ErwuesseBildung. Eng gutt Geleeënheet fir zesummen iwwert d'Erausfuerderunge mat deenen de Sozial Sektor zu Lëtzebuerg konfrontéiert ass ze schwätzen:
- D'Realitéit um Terrain,
- Austausch vun Erfahrungswerter,
- Léisungen a Weeër déi een zesummen opbaue a beschreide kann.
Merci jidderengem deen un dëser Table Ronde deel geholl huet, fir den Interessi an hiert Engagement !