Mir sichen Är Projeten an der Inclusion numérique!

Wat maacht Dir fir d'Inklusioun am digitale Wandel? Mir wëllen et wëssen!
6 avril 2023 par
Mir sichen Är Projeten an der Inclusion numérique!
FEDAS Luxembourg asbl, Julia Maria Zimmermann

Dir hutt Aktivitéite bäi Iech – publik oder net – wou Dir beméit sidd, d’Digitalisatioun un Populatiounen drun ze droen, déi sech domat schwéier dinn?

Dir hutt Projeten an der inclusion numérique?

Dir hutt en Dispositif en place gesat, den de Leit d’Benotzung vu digital Applikatiounen erliichtert?

Dir wëllt Är Projeten engem méi grousse Public virstellen?

Mellt Iech!

D’FEDAS huet e Stand am Salon de l’inclusion numérique ulässlech der Journée de l’inclusion numérique de 17. Mee, a mir géifen dëse Stand gäre fir d’Visibilitéit vun Äre Projeten zur Verfügung stellen.

Schéckt eis einfach eng kleng Beschreiwung vun ärem Projet an der Inclusion numérique. D’bescht Projete ginn op eise Stand invitéiert.

All Projete ginn an engem klenge Feature op dem Site vun der FEDAS virgestallt.

All Projet ass wëllkomm, dee Leit d’Liewen an enger digitaler Welt erliichtert

Virun allem Leit aus de folgende Gruppen:

  • Eeler Leit

  • Leit mat engem Handicap

  • Leit mat Migratiounshannergrond

  • Flüchtlingen

  • Finanziell benodeelegt Leit

  • Fraen a Meedercher

 Dëst Lëscht ass awer net vollstänneg.

Mir freeën eis op Är Proposen!

Einfach per Klick op de Formulaire bis den 9. Mee 2023:

Kontakt

Partager cet article
Étiquettes
Archive