BNE Foire

20. Abrëll 2023Inspiratioun, Wéiderbildung a pedagogesch Offeren am Beräich vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung
21 mars 2023 par
BNE Foire
FEDAS Luxembourg asbl, Caroline Robert

Déi 4. Editioun vun der ‘Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE)’, gëtt den 20. Abrëll 2023 am Forum Geesseknäppchen vum Ministère l’Environnement, du Climat et du Développement durable, der Plateforme
pour l’Éducation à l’Environnement et au Développement Durable, dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse; der Direction de la coopération au développement et de l’action humanitaire
organiséiert.

De ganzen Dag iwwer wäert den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an ONGen am Virdergrond stoen, sief et duerch Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren am Beräich vun der nohalteger Entwécklung ubidden, duerch zertifiéiert Weiderbildungen, oder awer och – nei dëst Joer – duerch Austausch-Atelieren, an deenen Erfarungen ausgetosch an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn.

 

Partager cet article
Étiquettes
SEA
Archive