Chargé·e de communication

Luxembourg, Luxemburg

Ab Juni 2026
Carrière C4


Wien si mir?

D’FEDAS Lëtzebuerg ass eng Federatioun an den Haaptacteur am Reseau vun den Organisatiounen am soziale Secteur. Si vertrëtt a verdeedegt d’Interesse vun hire Memberen, fir d’Situatioun um Terrain nohalteg ze verbesseren.

 

Eis Missioun

D’Siichtbarkeet, d’Transparenz an d’Widderstandsfäegkeet vun engem essentielle gesellschaftlechen a sozial relevante Secteur ze stäerken.


Är Roll: D’Stëmm vun der FEDAS Lëtzebuerg

Als Chargé.e de Communication spillt Dir eng wichteg Roll bei der Ëmsetzung vun der Kommunikatiounsstrategie vun der Federatioun. An enker Zesummenaarbecht mat der Kommunikatiounsekipp setzt Dir gezielt Moossnamen ëm, fir eis Aktiounen a Messagen no baussen ze droen an d’Visibilitéit duerch eng Villfalt vu Projeten ze stäerken.

Är Aufgaben

Emsetzung vun der Kommunikationsstrategie

  • Ënnerstetzung bei der Ëmsetzung vun enger effikasser internet an externer Kommunikation
  • Matorganisatioun an Deelhuele bei internen Evenementer (z. B. Reuniounen, Assemblée générale) an Evenementer am Secteur (z. B. Stänn op Journéeën)

Intern Kommunikation 

  • Preparatioun vun Texter fir d’intern Diffusioun iwwer verschidde Kanäl
  • Stäerkung vum internen Informatiounsfloss an Informatioun vun de Mataarbechter iwwer Aktualitéiten
  • Weiderentwécklung vun der Kommunikatioun mat de Memberen an Fërderung vun hirer aktiver Participatioun

Äre Profil


  • Diplom am Beräich Kommunikatioun oder gläichwäerteg
  • Op d’mannst 2 Joer Beruffserfarung an enger ähnlecher Positioun (idealerweis am soziale Secteur oder an enger asbl)
  • Staarkt Organisatiounstalent an exzellent schrëftlech Kommunikatiounsfäegkeeten
  • Fäegkeet, verschidde Projeten parallel ze koordinéieren
  • Exzellent Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen (souwuel schrëftlech wéi mëndlech)

Firwat bei d’FEDAS Lëtzebuerg kommen?

E kollaboratiivt a stimuléierend Aarbechtsëmfeld

Ambitiéis Projeten am soziale a gesellschaftleche Beräich

Reell Méiglechkeete fir professionell a perséinlech Entwécklung

Prett fir eng nei Erausfuerderung?

Deelt mat eis Äert Talent an Är Leidenschaft fir Kommunikatioun! Schéckt eis Äre CV an Äre Motivatiounsbréif.