Berufflech Wäerter an enger Ekipp ausschaffen
Sessions
En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.
-
20.09.2027 03:00:00 - Duration: 7H - FEDAS Luxembourg asbl 11, rue Eugène Ruppert Luxembourg 2453 Luxemburg
Description
Vierwat sech aschreiwen?
Wäerter sinn a ville Strukturen an Dokumenter, Konzepter oder Charten formuléiert. Am Alldag ginn se awer virun allem an de konkrete Situatiounen sichtbar : an der Kommunikatioun, an Entscheedungen, an der Zesummenaarbecht, am Ëmgang mat Konflikter, an der Haltung vis-à-vis vu Beneficiairen, Famillen a Kolleeginnen a Kollegen.
Dës Formatioun hëlleft de Participanten, Wäerter an enger Ekipp ze definéieren, ze klären an aus dem abstrakte Beräich an de konkrete Beruffsalltag ze bréngen. Et geet ëm Froen wéi : Wéi eng Wäerter droen eis Aarbecht ? Wat bedeiten se konkret fir eis Ekipp ? Wéi gi se am Alldag sichtbar ? A wéi gi mir domat ëm, wann eenzel Wäerter a Spannung geroden ?
E wichtegen Deel vun der Formatioun besteet doran, gemeinsam ze kucken, wéi eng Wäerter scho gelieft ginn, wéi eng nach net kloer genuch sinn, a wéi eng gemeinsam Repèren d’Ekipp brauch, fir méi kohärent ze schaffen.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
- als Ekipp ze definéieren an se net nëmmen als allgemeng Prinzipien ze verstoen
- tëscht deklaréierte Wäerter, geliewte Wäerter a gewënschte Wäerter ënnerscheeden
- Wäerter gemeinsam ze formuléieren and hir Bedeitung klären
- Wäerter a Verhalen, Kommunikatioun, Entscheedungen an Teamkultur ëmzesetzen.
Méthoden a Programm
D’Formatioun ass interaktiv a participativ. D’Participante identifizéieren, prioriséieren a konkretiséieren déi wichtegst Wäerter fir hir Ekipp a iwwersetzen se a konkret Verhalensrepèren a praktesch Handlungen. Zum Ofschloss entwéckele si eng éischt Wäerterkaart a definéieren hir perséinlech Transferschrëtt.
Gutt ze wëssen:
Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.
Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.