Zum Inhalt springen

Ëmgang mat Emotiounen op der Aarbecht


Sessions

En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.

Description

Vierwat sech aschreiwen?

An de Beruffer vun der Begleedung gehéieren Emotiounen zum Alldag. Dës Formatioun behandelt de professionelle Ëmgang mat emotional geluedene Situatiounen, d’Roll vun der eegener Reaktioun, d’Fro vun der richteger Distanz an d’Méiglechkeet, mënschlech a berufflech präsent ze bleiwen, ouni sech iwwerfuerdert ze fillen.

E wichtegen Deel vun der Formatioun ass d’Aarbecht un de Ressourcë vun de Participanten : perséinlech Ressourcen, Ressourcen am Team an och Ressourcen, déi an der Struktur selwer verankert sinn. D’Formatioun weist, wéi dës Ressourcen erkannt, aktivéiert an am berufflechen Alldag besser genotzt kënne ginn.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • emotional Situatiounen besser ze erkennen
  • hir eege Reaktiounen ze verstoen
  • eng méi sécher professionell Haltung z’entwéckelen.
  • besser tëscht Matgefill, Verantwortung, Ofgrenzung a berufflechem Kader ënnerscheeden.
  • identifizéieren och hir eege Ressourcen, d’Ressourcen an hirem Team
  • entwéckele konkret Repèren, fir an usprochsvolle Situatiounen handlungsfäeg ze bleiwen an net eleng mat emotionaler Belaaschtung ze stoen.

Méthoden a Programm

D’Formatioun alternéiert tëscht kuerzen theoreteschen Inputen an interaktive Momenter. D’Participante schaffen u konkrete Situatiounen aus hirem Beruffsalltag, fir ze erkennen, wéi Emotiounen entstinn, wéi si sech am Kierper, an der Kommunikatioun an am professionelle Verhalen weisen, a wéi een domat ëmgoe kann.

Et gëtt mat Fallbeispiller, Reflexiounsfroen, Austausch a klenge Gruppen a guidéierten Übunge geschafft. D’Participante kréien einfach Instrumenter, fir eng emotional gelueden Situatioun ze analyséieren, déi eege Reaktioun besser ze verstoen an eng passend professionell Distanz ze fannen.

E besonnesche Fokus läit op der Ressourcekaart : d’Participante schaffen eraus, wat hinnen individuell hëlleft, wat am Team ënnerstëtzend wierkt a wéi eng strukturell Ressourcen et an hirer Organisatioun gëtt, zum Beispill Kolleeginnen a Kollegen, intern Prozeduren, Supervision, Leitung, Austauschmomenter oder kloer Eskalatiounsweeër.

Um Enn vun der Formatioun definéiert all Participant konkret Schrëtt fir den Transfert an den Alldag : eng perséinlech Ressource, déi bewosst gestäerkt gëtt, eng Ressource am Team, déi méi aktiv genotzt ka ginn, an eng Ressource an der Struktur, déi bei emotional usprochsvolle Situatiounen méi kloer soll agesat ginn.

Gutt ze wëssen:

Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.

Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.

  • 27.09.2027
  • Anne Goeres
  • NEW 2027
  • Luxembourgish
  • FEDAS-3811