Presentatiounstechniken an ëffentlech Optrëtter
Sessions
En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.
-
16.06.2027 03:00:00 - Duration: 6H - FEDAS Luxembourg asbl 11, rue Eugène Ruppert – 1er étage Luxembourg L-2453 Luxemburg Centre
-
14.07.2027 03:00:00 - Duration: 2H - Visioconférence/Visiokonferenz
Description
Vierwat sech aschreiwen?
Virbereeden: d’Schlësselfroe virun all Ried
- d’Zil, den Haaptmessage an d’Erwaardunge vum Publikum klären;
- d’Niveaue vun der Virbereedung jee no Wichtegkeet: Informatiounsvermëttlung, Ekippereunioun, Gespréich mat enger Famill, Presentatioun viru Partner.
Eng kloer an iwwerzeegend Ried strukturéieren
- Aleedung, Argumentatioun, Ofschloss: d’Wierbelsail vun der Botschaft;
- d’Kraaft vu Geschichten a Beispiller aus der Praxis;
- de geziilten Asaz vu visuellen Hëllefsmëttelen.
D’Wierkung stäerken: Kierper, Stëmm a Präsenz
- den éischten Androck an d’Perceptioun: wat an den éischte Sekonne geschitt;
- Haltung, Gestik, Bléck an Distanzen: d’Signaler, déi de Message stäerken oder schwächen;
- Stëmm, Intonatioun, Ootmung a Pausen;
- d’Kohärenz tëscht Message an Haltung, och a sensibele Situatiounen.
De roude Fuedem behalen, wann et drop ukënnt
- d’Mechanisme vu Stress an Trac (« Lampenféiwer ») an d’Instrumenter, fir se an de Grëff ze kréien: Ootmung, Ancrage, mental Virbereedung;
- d’Moderatioun vu Reuniounen an d’Participatioun vum Grupp;
- Froen, Awänn a schwiereg Participanten: oppe bleiwen, ouni de roude Fuedem ze verléieren.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
- Är Ried un Äert Publikum an de Kontext unzepassen: Ekipp, Bénéficiairen, Familljen, Partner;
- e kloren an iwwerzeegende Message ze strukturéieren, vun der Aleedung bis zum Ofschloss;
- d’Wierkung vun Ärer Ried duerch d’Stëmm, d’Haltung an d’Kierpersprooch ze stäerken;
- d’Ursaache vun Ärem Trac (« Lampenféiwer ») z’erkennen a konkret Instrumenter anzesetzen, fir en an de Grëff ze kréien;
- eng Reunioun ze moderéieren a mat Froen, Awänn an onvirgesinne Situatioune sécher ëmzegoen.
Méthoden a Programm
Formatiounsdag a Presenz (6 Stonnen), duerno en Austausch iwwer d’Erfarungen iwwer Teams (2 Stonnen) e puer Wochen drop. Kuerz theoretesch Impulser, Erfarungsaustausch, Quiz, Selbstaschätzung, Übungen aus dem Improvisatiounstheater, Simulatioune vu praktesche Situatiounen, Videoopnam (mam Averständnis vun all Participant), Aarbecht a Sous-Gruppen, Rollespiller mat Observatiounsmatrix a strukturéiertem Feedback.
Gutt ze wëssen:
Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.
Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.