Zum Inhalt springen

Selbstmanagement entwéckelen an déi eege Ressourcen aktivéieren


Sessions

En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.

Description

Vierwat sech aschreiwen?

«Gutt Féierung fänkt bei der Selbstféierung un.»


Oft wësse mir ganz genee, wat mir eigentlech maache sollten. An awer läit tëscht enger gudder Intentioun an der Ëmsetzung am Alldag heiansdo eng ganz Welt.

Den ZRM® - Zürcher Ressourcen Modell ass e wëssenschaftlech fundéierte Selbstmanagement-Training, deen op der Universitéit Zürich entwéckelt gouf. E verbënnt bewosst Denkprozesser mat Emotiounen, Bedierfnesser, Kierpersignaler a perséinleche Ressourcen, fir nohalteg Motivatioun a selbstbestëmmt Handelen ze fërderen.

Dobäi geet et net nëmmen ëm d'Fro «Wat soll ech maachen?», mee och ëm: «Wat wëll ech wierklech - a wat brauch ech, fir am Aklang mat mir selwer handelen ze kënnen?»


Erkennen, wat wierklech wichteg ass

Déi eege Bedierfnesser, Wënsch an aktuell Entwécklungsthemen wouerhuelen a klären.


Kierpersignaler als Informatiounsquell notzen

D'Bedeitung vun de sougenannte somatesche Marker kenneléieren an déi eege Wahrnehmung dofir sensibiliséieren.


Eng motivéierend Ausriichtung entwéckelen

Aus engem Bedierfnes oder engem Wonsch eng bannenzeg Ausriichtung entwéckelen, déi wierklech motivéiert.


Dat eegent Motto-Zil entwéckelen

Eng bildlech, positiv an emotional uspriechend Formuléierung entwéckelen, déi fir déi gewënschte bannenzeg Haltung steet.


Dat perséinlecht Ressourcennetz opbauen

Individuell Ressourcen identifizéieren an aktivéieren, fir datt déi gewënschten Haltung am Alldag méi einfach disponibel ass.


Vum Wonsch an d'Handele kommen

Den Transfer a konkret berufflech a perséinlech Situatioune virbereeden a Strategien entwéckelen, fir och ënner Drock,

Stress oder Onsécherheet handlungsfäeg ze bleiwen

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • Hir eege Bedierfnesser a perséinlech Ressourcen méi bewosst wouerhuelen,
  • D'Bedeitung vun Emotiounen a Kierpersignaler bei Entscheedunge besser verstoen,
  • Eng perséinlech stëmmeg a motivéierend bannenzeg Ausriichtung entwéckelen,
  • En eegent Motto-Zil formuléieren, dat hir perséinlech Ressourcen aktivéiert,
  • Hir Selbstmanagement-Kompetenz a berufflech usprochsvolle Situatioune stäerken,
  • Strategien entwéckelen, fir déi gewënschten Haltung an den Alldag ze iwwerdragen,
  • Hire perséinlechen Handlungsspillraum erweideren a méi bewosst a selbstbestëmmt handelen

Méthoden a Programm

Fir sécherzestellen, datt d'Weiderbildung reibungslos verläuft, ass et wichteg, datt d'Participanten de ganzen Cours iwwer präsent sinn.

D'Weiderbildung verbënnt kuerz theoretesch Impulser mat Eenzelaarbecht, Aarbecht mat Biller, perséinlecher Reflexioun,

Austausch a klenge Gruppen an am Plenum, kierperorientéierten Elementer an dem Transfer a konkret Alldagssituatiounen.

D'Aarbechtsweis ass partizipativ, erliefnesorientéiert a konsequent ressourcenorientéiert. All Participant schafft un

engem eegenen Thema an entwéckelt dovunner ausgoend eng perséinlech Ausriichtung, déi direkt an de berufflechen a

perséinlechen Alldag iwwerholl ka ginn


Gutt ze wëssen:

Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.

Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.

  • 03.05.2027
  • Luc HERTGES
  • NEW 2027
  • Luxembourgish
  • FEDAS-3849