D'Erausfuerderunge vum « Eltere sinn » besser verstoen


Description

Vierwat sech aschreiwen?

Eltere sinn, bedeit haut e gutt Gläichgewiicht tëschent Famill, Partnerschaft, Kanner, Aarbecht, Crèche, Maison Relais, Schoul a Fräizäit ze fannen, ouni sech awer selwer dobäi ze vergiessen. Laut enger belscher Ëmfro aus dem Joer 2020, fille sech 96 % vun den Elteren an hirem Alldag als Mamm a Papp ënner Drock gesat.

An dësem Cours wëlle mir zesummen erausfannen, wat „Eltere sinn“ hautdesdaags bedeit. Wéi eng grouss gesellschaftlech Verännerunge wierke sech direkt op d’Elteren aus? Wéi enge Belaaschtungen an Erausfuerderunge si si an hirem Alldag ausgesat? Wéi gi si mat dësen Aflëss ëm? Wéi eng Ressourcen hunn si fir dës Erausfuerderungen ze meeschteren?

Mir wäerte gesi wéi d’Haltung vum Fachpersonal vis-à-vis vun Eltere vill vun hirer eegener Erzéiung a Sozialisatioun, vun hirer Weltusiicht souwéi den Erfarungen, déi si am Alldag vun der Institutioun maachen, beaflosst gëtt.

Ziel ass et, d’Erausfuederungen vum „Eltere sinn“ besser ze verstoen an sou d’Zesummenaarbecht mat den Elteren ze verbesseren an durch eng empathesch, bienveillant Haltung, vertrauensvoll Bezéiungen opzebauen.


No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

·        D’Eltere besser verstoen

·        Reflexioun iwwert déi perséinlech Erwaardungen un d‘Elteren

·        Eng empathesch a bienveillant Haltung fërderen

·        Verbesserung vun der alldeeglecher Aarbecht mat den Elteren

·        Reflexioun vum eegenen Eltere sinn (de Fall gesat)

·        Tipps kréie fir déi eege Balance tëschent Eltere sinn a Beruff ze verbesseren


Méthoden

Powerpoint, Flipchart, Gruppenaarbecht, Austausch

Dës Formatioun ass vir Iech, wann

​Personnel dirigeant

Personnel encadrant

D'Formatioun gëtt geleet vun:

Tania Hemmer, Sozialpädagog, Schlofcoach, Systemeschen Elterncoach, Experte am Elternburnout

D'Formatioun ass validéiert:

Cette formation est reconnue par le Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse (pour l'éducation plurilingue/inclusion).

Elle est spécifiée dans le domaine - DOMAINE.
Veuillez noter que la formation rentre dans le cadre du dispositif mis en place pour le secteur de l’éducation non formelle.



  • Sur demande
  • Luxembourgeois/Luxemburgisch
  • FEDAS-1611