Eng Ekipp vun Beneficiairen an enger Aarbechtsmesure encadréieren


Description

Ziler

Um Enn vun dëser Formatioun, hun Participanten hirt Wëssen an hir Kompetenze weiderentwéckelt mee och nai Outils'en a Methoden entdeckt, fir d'Beneficiairen beschtens ze begleeden an ze encadréieren.

Inhalter

Modüll 1- Ziler a pedagogesch Missioune vun Aarbechtsmesuren 

8 Stonnen

An dësem Modüll ginn déi folgend Punkten ugeschnidden:

  • Wat ass eng Aarbechtsmesure ? Wien sinn d' Acteuren? Wat sinn hir Missioun a Ziler?

  • Dei pedagogesch Roll vum Ekippechef : Wëssen, savoir-faire an savoir être vermëttelen

  • D'Erwaardunge vum Ekippechef vis-à-vis vun d' Beneficiairen

Modüll 2- Wien sinn de Beneficiairen an enger Aarbechtsmesure ?

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:

  • D'Eegenschaften an d'Profiller vun de Beneficiairen

  • Diversitéit managen ? (Multikulturalitéit, Méisproochegkeet, Diskriminatioun virbeugen, Stéierungen a Sucht) 

Modüll 3- Reglementatiounen : Grondlagen, Sécherheet, Gesondheet a  Verantwortungen op der Aarbecht

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:  

  • Grondlagen: Aarbechtsrecht a Reglement vun der Struktur

  • Verantwortunge vum Ekippechef: informéieren, assistance à personne en danger

  • En Aarbechtsaccident geréieren

Modüll 4- D'Kommunikatioun a d'Evaluatioun fleegen, e konstruktiv Feedback gin

8 Stonnen

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:

  • Mat engem Client kommunizéieren

  • Mat engem Beneficiaire kommunizéieren

  • Mat der Hierarchie an dem Betreiungspersonal kommunizéieren

  • D'Ekipp evaluéieren: sachlech an onparteiesch bleiwen

  • E konstruktiv Feedback gin

Modüll 5- Ekippechef sinn : Wat fir Defien ?

32 Stonnen

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:

  • Emotioun- a Stressmanagement

  • Zäit- a Prioritéitemanagement

  • Schwiereg Situatiounen a psychosozial Risike managen  (sech distanzéieren, sech schützen, Diplomatie opbréngen)

  • Delegéieren

  • Mental Gesondheet : Sensibiliséierung, Identifizéierung, Preventioun

Modüll 6- Eng Ekipp managen

16 Stonnen

An dësem Modüll ginn déi follgend Punkten ugeschnidden:

  • Eng Ekipp motivéieren a sech virbildlech behuelen

  • Gruppendynamik verstoen, Zesummenhalt an der Ekipp

  • Konfliktmanagement

Zilpublikum

Dës Formatioun riicht sech un Teamcheffen an Adjointen, Betreiungspersonal, Coordinateur, Assistent oder all Persoun, déi eng Ekipp vu Beneficiairen an enger Aarbechtsmesure encadréiert.



Gudd ze wëssen


D'Formatioun fënnt an der FEDAS an um Site vum Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment (IFSB) tëscht Mëtt Oktober 2023 a Maerz 2024 statt.
 

  • Sur demande
  • Encadrer les bénéficiaires ESS
  • Luxembourgeois/Luxemburgisch
  • FEDAS-1409