Argumentatiouns- a Verhandlungstechniken
Sessions
En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.
-
28.06.2027 03:00:00 - Duration: 6H - FEDAS Luxembourg asbl 11, rue Eugène Ruppert – 1er étage Luxembourg L-2453 Luxemburg Centre
-
14.07.2027 08:00:00 - Duration: 2H - Visioconférence/Visiokonferenz
Description
Vierwat sech aschreiwen?
Verhandelen: Interessen, Strategien an Instrumenter
- Positiounen an Interessen, Verhandlungsstiler (Thomas-Kilmann), Harvard-Methode;
- BATNA, ZOPA a Konzessiounen, Virbereedung a Phase vun der Verhandlung.
Argumentéieren an iwwerzeegen
- Opbau vun engem Argument (Toulmin), rhetorescht Dräieck, Prinzippie vum Cialdini;
- Ëmgang mat Awänn, Manipulatiounstaktiken a Géigemoossnamen.
Kommunizéieren a Spannunge geréieren
- Transaktiounsanalyse (Berne), strukturéiert Feedback (DESC a SBI);
- kooperativ Konfliktléisung (Berkel), interkulturell Dimensioun.
Uwendung am Beräich vun der Erzéiung an der Betreiung souwéi an der Kanner- a Familljenhëllef
- praktesch Fäll: Konventiounen a Finanzéierunge mat de Ministèren, Dossieren, déi de Gemengen an dem Schäfferot virgestallt ginn.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
- eng strukturéiert Verhandlung virzebereeden an ze féieren, fir nohalteg Accorden z’erreechen;
- eng iwwerzeegend Kommunikatioun op Basis vun de Prinzippie vun der Rhetorik z’entwéckelen;
- Är Kommunikatioun un Äre Gespréichspartner unzepassen, besonnesch am Austausch mat de Ministèren, de Gemengen an dem Schäfferot;
- op Awänn z’äntweren, Spannungen ofzebauen an d’Relatioun z’erhalen.
Méthoden a Programm
Formatiounsdag a Presenz (6 Stonnen), duerno en Austausch iwwer d’Erfarungen iwwer Teams (2 Stonnen) e puer Wochen drop. Kuerz theoretesch Impulser, Quiz, Selbstaschätzung, Fallstudien, Cas pratiques, Argumentatiounsdueller, Übungen zu zwee, Verhandlunge mat Observatiounsmatrix a strukturéiertem Feedback, BATNA- an ZOPA-Übungen.
Gutt ze wëssen:
Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.
Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.