Skip to Content

Argumentatiouns- a Verhandlungstechniken


Sessions

En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.

Description

Vierwat sech aschreiwen?

Verhandelen: Interessen, Strategien an Instrumenter

  • Positiounen an Interessen, Verhandlungsstiler (Thomas-Kilmann), Harvard-Methode;
  • BATNA, ZOPA a Konzessiounen, Virbereedung a Phase vun der Verhandlung.

Argumentéieren an iwwerzeegen

  • Opbau vun engem Argument (Toulmin), rhetorescht Dräieck, Prinzippie vum Cialdini;
  • Ëmgang mat Awänn, Manipulatiounstaktiken a Géigemoossnamen.

Kommunizéieren a Spannunge geréieren

  • Transaktiounsanalyse (Berne), strukturéiert Feedback (DESC a SBI);
  • kooperativ Konfliktléisung (Berkel), interkulturell Dimensioun.


Uwendung am Beräich vun der Erzéiung an der Betreiung souwéi an der Kanner- a Familljenhëllef

  • praktesch Fäll: Konventiounen a Finanzéierunge mat de Ministèren, Dossieren, déi de Gemengen an dem Schäfferot virgestallt ginn.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • eng strukturéiert Verhandlung virzebereeden an ze féieren, fir nohalteg Accorden z’erreechen;
  • eng iwwerzeegend Kommunikatioun op Basis vun de Prinzippie vun der Rhetorik z’entwéckelen;
  • Är Kommunikatioun un Äre Gespréichspartner unzepassen, besonnesch am Austausch mat de Ministèren, de Gemengen an dem Schäfferot;
  • op Awänn z’äntweren, Spannungen ofzebauen an d’Relatioun z’erhalen.

Méthoden a Programm

Formatiounsdag a Presenz (6 Stonnen), duerno en Austausch iwwer d’Erfarungen iwwer Teams (2 Stonnen) e puer Wochen drop. Kuerz theoretesch Impulser, Quiz, Selbstaschätzung, Fallstudien, Cas pratiques, Argumentatiounsdueller, Übungen zu zwee, Verhandlunge mat Observatiounsmatrix a strukturéiertem Feedback, BATNA- an ZOPA-Übungen.

Gutt ze wëssen:

Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.

Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.

  • 28/06/2027
  • Pol Berwick
  • Luxembourgish
  • Centre
  • FEDAS-3861