Gesond Grenze setzen an d’eegene Ressourcë stäerken
Sessions
En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.
-
07.05.2027 03:00:00 - Duration: 7H - FEDAS Luxembourg asbl 11, rue Eugène Ruppert – 1er étage Luxembourg L-2453 Luxemburg Centre
Description
Vierwat sech aschreiwen?
E wichtegen Deel vun der Formatioun ass d’Ënnerscheedung tëscht Engagement a Selbstiwwerfuerderung. D’Participante schaffen un Theme wéi berufflech Grenzen, Scholdgefill, Loyalitéit, Iwweridentifikatioun, Ressourcëmanagement, Prioriséierung an Ënnerstëtzung am Team an an der Struktur.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
- risike fir Iwwerbelaaschtung am berufflechen Alldag besser z’erkennen.
- kënnen ënnerscheeden tëscht deem, wat zu hirer professioneller Verantwortung gehéiert, an deem, wat si net eleng droe kënnen oder sollen.
- entwéckelen konkret Unhaltspunkten, fir mat Belaaschtung, Drock, Scholdgefill an héijen Erwaardungen ëmzegoen.
- hir perséinlech Ressourcen, d’Ressourcen am Team an d’Ressourcen an der Struktur méi bewosst notzen.
D’Zil ass, eng méi nohalteg professionell Haltung z’entwéckelen : engagéiert bleiwen, ouni sech selwer ze verléieren, an d’Qualitéit vun der Aarbecht erhalen, ouni permanent iwwer déi eege Grenzen ze goen.
Méthoden a Programm
D’Formatioun kombinéiert kuerz fachlech Inputten, Selbstreflexioun, Austausch an Aarbecht u konkrete Situatiounen aus dem Alldag vun de Participanten. D’Inputte ginn esou opgebaut, datt se direkt mat der Praxis verbonne kënne ginn.
Um Enn vun der Formatioun definéiert all Participant perséinlech a berufflech Transferschrëtt: wat kann ech selwer upassen, wat kann ech am Team uschwätzen, a wéi eng Ressource vun der Struktur soll ech méi kloer notzen?
Gutt ze wëssen:
Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.
Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.