Skip to Content

Gesond Grenze setzen an d’eegene Ressourcë stäerken


Sessions

En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.

Description

Vierwat sech aschreiwen?

An de Beruffer mat Kanner, Jonken, Famillen oder vulnerabele Persounen ass d’Engagement héich. D’Professioneller ginn dacks mat komplexe Situatiounen, staarken Emotiounen, héijen Erwaardungen an engem Gefill vu permanenter Urgence konfrontéiert.

Dës Formatioun behandelt d’Risike vun emotionaler, mentaler a professioneller Iwwerbelaaschtung. Et geet ëm d’Fro, wéi een d’Warnzeeche méi fréi erkennt, seng eege Grenze besser respektéiert an trotz héijer Verantwortung gesond a professionell handlungsfäeg bleift.

E wichtegen Deel vun der Formatioun ass d’Ënnerscheedung tëscht Engagement a Selbstiwwerfuerderung. D’Participante schaffen un Theme wéi berufflech Grenzen, Scholdgefill, Loyalitéit, Iwweridentifikatioun, Ressourcëmanagement, Prioriséierung an Ënnerstëtzung am Team an an der Struktur.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • risike fir Iwwerbelaaschtung am berufflechen Alldag besser z’erkennen.
  • kënnen ënnerscheeden tëscht deem, wat zu hirer professioneller Verantwortung gehéiert, an deem, wat si net eleng droe kënnen oder sollen.
  • entwéckelen konkret Unhaltspunkten, fir mat Belaaschtung, Drock, Scholdgefill an héijen Erwaardungen ëmzegoen.
  • hir perséinlech Ressourcen, d’Ressourcen am Team an d’Ressourcen an der Struktur méi bewosst notzen.

D’Zil ass, eng méi nohalteg professionell Haltung z’entwéckelen : engagéiert bleiwen, ouni sech selwer ze verléieren, an d’Qualitéit vun der Aarbecht erhalen, ouni permanent iwwer déi eege Grenzen ze goen.

Méthoden a Programm

D’Formatioun kombinéiert kuerz fachlech Inputten, Selbstreflexioun, Austausch an Aarbecht u konkrete Situatiounen aus dem Alldag vun de Participanten. D’Inputte ginn esou opgebaut, datt se direkt mat der Praxis verbonne kënne ginn.

D’Formatioun bitt einfach Instrumenter fir Prioriséierung, Ofgrenzung, Ressourcekaart, Warnzeechen, Selbstcheck an Ënnerstëtzungsweeër. D’Participante schaffen och u konkrete Formuléierungen, fir Hëllef unzefroen, Grenzen ze setzen oder eng Situatioun intern ze eskaléieren, ouni sech schëlleg ze fillen.

Um Enn vun der Formatioun definéiert all Participant perséinlech a berufflech Transferschrëtt: wat kann ech selwer upassen, wat kann ech am Team uschwätzen, a wéi eng Ressource vun der Struktur soll ech méi kloer notzen?

Gutt ze wëssen:

Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.

Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.

  • 07/05/2027
  • Anne Goeres
  • NEW 2027
  • Luxembourgish
  • Centre
  • FEDAS-3877