Benotz deng Hänn a schaff mat Leem - Grondwësse fir Ufänger


Sessions

En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.

Description

Vierwat sech aschreiwen?

Dir wëllt mat de Kanner an ärer Institutioun am Leem schaffen an huet Eech bis elo net getraut, da sidd Dir hei genee richteg. 

Mat Liichtegkeet kennt Dir är Keramikprojeeën ëmsetzen, wann Dir dat néidëscht Grondwësse fir d`Veraarbechtung vum Leem huet. 

All Grondtechniken déi wichteg sënn léiert Dir hei kennen.

Inhalt : 

  • Grondwësse: de richtegen Ëmgang mam Leem bis hin zur färdiger Keramik
  • Wat ass Leem, wou kënnt en hier
  • Wat brauch ee vu Geschier  
  • Wat fir ee Leem fir wat fir eng Opbauten
  • Wat fir eng Technik fir wat fir ee Projet
  • Firwat ass fräi schaffe mam Leem esou wichtig fir d‘ Kanner
  • Reflexiouns an Diskussiounsronn

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • Schrëtt fir Schrëtt léiert Dir Grondwësse kennen vun den Techniken an de richtigen Ëmgang mam Leem.
  • Dir sidd  prett fir selwer mat de Kanner am Leem ze schaffen.
  • Dir wësst obwat Dir musst oppassen dat äre Projet een Erfolleg  gëtt, dir huet dat néidescht vertraue selwer den Uewe richteg ze benotze.  
  • Genuch  Zäit anzeplange vun der Gestaltung bis zum Brand
  • Duerch déi richteg ugewanten Technik se ganz vill verschidde Leemprojeeën, vill méi einfach ëmsetzbar. 
  • De Kanner Raum gi fir hir Fantasie a Kreativitéit ausliewen ze kënnen
  • Offen fir d’Konscht an är Institutioun  mat eran ze bréngen.

Méthoden

  • Théorie an Uwenden vun de geléierten Techniken durch vill praktisch Übungen.
  • Individuell Gestaltungen oder Gruppenarbëschten
  • Leem ass dat perfekt Material fir ze Formen, Knieden, Schmieren, spillen a Bauen. 
    D`Erliefniss vum Formen, mat den Hänn, aus engem Batz Leem der Fantasie Gestalt ginn, dat ass eist Ziel.

Gutt ze wëssen:

Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.

Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.

D'Formatioun ass validéiert:

Cette formation est reconnue par le Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, pour le secteur de l’éducation non formelle et de l'aide à l'enfance et à la famille.


Elle est spécifiée dans le domaine - Esthétique, créativité et art et s'adresse au public cible - Personnel encadrant, travaillant avec (ES) Enfants scolarisés / (JE) Jeunesse .


Information complémentaire

  • Aarbechtskleedung/Schiertech
  • Motivatioun a gutt Laun fir ze Schaffen

(All Material ass op der Plaz a steet Eech fräi zur Verfügung) 

  • 04/12/2025
  • atelier creat'our
  • Claudine Pint Lieners
  • NEW 2025
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • FEDAS-3176