Se rendre au contenu

D’Mataarbechterbindung an d’Mataarbechterretentioun strukturéieren


Sessions

En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.

Description

Vierwat sech aschreiwen?

Wat d’Mataarbechterbindung wierklech ëmfaasst

  • déi dräi Forme vun Attachement un d’Organisatioun: aus Iwwerzeegung, aus Flichtgefill oder wéinst feelenden Alternative bleiwen;
  • déi komplett Käschte vun engem Depart an d’Limitte vun isoléierten Initiativen.


De Parcours strukturéieren: integréieren, weiderentwéckelen, halen

  • den Onboarding, den éischten Ament, wou een decidéiert ze bleiwen oder ze goen;
  • Karriärweeër, Kompetenzentwécklung an intern Mobilitéit, och a klenge Strukturen.


D’Relatioun strukturéieren: Vertrauen an Unerkennung

  • Vertrauen an Unerkennung: déi decisiv Roll vun der Direktioun an den Teamleeder;
  • d’Gefill vu Fairness iwwer d’Pai eraus.


D’Approche organiséieren a verankeren

  • reegelméisseg Échangen an der Ekipp;
  • Aktioune prioriséiert no Opwand an Impakt
  • e gemeinsame Fidélisatiounsplang, dee vun der Direktioun ënnerstëtzt a gedroe gëtt.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • ze verstoen, firwat Mataarbechterbindung eng strukturéiert Approche erfuerdert, amplaz op eenzel Aktiounen ze setzen;
  • déi wichtegst Hiewelen z’identifizéieren, déi an all Etapp vum Parcours verankert musse ginn, vun der Integratioun bis zur Unerkennung;
  • e kohärent Konzept fir d’Mataarbechterbindung an e prioriséierten Aktiounsplang z’entwéckelen, déi op Är Struktur zougeschnidde sinn.

Méthoden a Programm

Formatiounsdag a Presenz (6 Stonnen), duerno en Austausch iwwer d’Erfarungen iwwer Teams (2 Stonnen) e puer Wochen drop. Kuerz theoretesch Impulser, Erfarungsaustausch, Quiz, Selbstaschätzung, Fallstudien, Cas pratiques, Aarbecht a Sous-Gruppen, Rollespiller mat Observatiounsmatrix a strukturéiertem Feedback.

Gutt ze wëssen:

Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.

Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.

  • 03/03/2027
  • Pol Berwick
  • Luxembourgish
  • Centre
  • FEDAS-3857