D’Mataarbechterbindung an d’Mataarbechterretentioun strukturéieren
Sessions
En cas de session complète, vous pouvez vous inscrire en liste d'attente ci dessous.
-
03/03/2027 03:00:00 - Duration: 6H - FEDAS Luxembourg asbl 11, rue Eugène Ruppert – 1er étage Luxembourg L-2453 Luxembourg Centre
-
14/04/2027 03:00:00 - Duration: 2H - Visioconférence/Visiokonferenz
Description
Vierwat sech aschreiwen?
Wat d’Mataarbechterbindung wierklech ëmfaasst
- déi dräi Forme vun Attachement un d’Organisatioun: aus Iwwerzeegung, aus Flichtgefill oder wéinst feelenden Alternative bleiwen;
- déi komplett Käschte vun engem Depart an d’Limitte vun isoléierten Initiativen.
De Parcours strukturéieren: integréieren, weiderentwéckelen, halen
- den Onboarding, den éischten Ament, wou een decidéiert ze bleiwen oder ze goen;
- Karriärweeër, Kompetenzentwécklung an intern Mobilitéit, och a klenge Strukturen.
D’Relatioun strukturéieren: Vertrauen an Unerkennung
- Vertrauen an Unerkennung: déi decisiv Roll vun der Direktioun an den Teamleeder;
- d’Gefill vu Fairness iwwer d’Pai eraus.
D’Approche organiséieren a verankeren
- reegelméisseg Échangen an der Ekipp;
- Aktioune prioriséiert no Opwand an Impakt
- e gemeinsame Fidélisatiounsplang, dee vun der Direktioun ënnerstëtzt a gedroe gëtt.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
- ze verstoen, firwat Mataarbechterbindung eng strukturéiert Approche erfuerdert, amplaz op eenzel Aktiounen ze setzen;
- déi wichtegst Hiewelen z’identifizéieren, déi an all Etapp vum Parcours verankert musse ginn, vun der Integratioun bis zur Unerkennung;
- e kohärent Konzept fir d’Mataarbechterbindung an e prioriséierten Aktiounsplang z’entwéckelen, déi op Är Struktur zougeschnidde sinn.
Méthoden a Programm
Formatiounsdag a Presenz (6 Stonnen), duerno en Austausch iwwer d’Erfarungen iwwer Teams (2 Stonnen) e puer Wochen drop. Kuerz theoretesch Impulser, Erfarungsaustausch, Quiz, Selbstaschätzung, Fallstudien, Cas pratiques, Aarbecht a Sous-Gruppen, Rollespiller mat Observatiounsmatrix a strukturéiertem Feedback.
Gutt ze wëssen:
Weg rechent ëmmer mat enger zousätzlecher Stonn Mëttegpaus.
Et gëtt kee Mëttegiesse vun der FEDAS virgesinn.