Abordabele Logement eng Prioritéit

D'FEDAS Lëtzebuerg wëllt matschwätze fir Léisungen ze fanne bei den deiere Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg, seet de Verwaltungsrotsmember a Spriecher vum Plaidoyer Social Raoul Schaaf am 100,7-Interview.
3 January 2026 by
FEDAS Luxembourg asbl, Lara Mack

Dee sougenannte Plaidoyer Social dee fréier d‘Caritas gemaach huet, gouf nom Caritas-Bedruchsskandal vun 61 Milliounen Euro vun der FEDAS Lëtzebuerg (der Fédératioun vun den Déngschtleeschter am soziale Secteur) iwwerholl.

D‘FEDAS Lëtzebuerg huet zwee Mataarbechter agestallt fir um Plaidoyer social ze schaffen. Den designéierte Spriecher fir de Plaidoyer social bei der FEDAS Lëtzebuerg ass de Verwaltungsrotsmember Raoul Schaaf.

Am Interview sot hien d‘FEDAS Lëtzebuerg bräicht déi néideg Zäit, fir de Plaidoyer social richteg ze lancéieren - de Verwaltungsrot hätt awer scho prioritär Sujete festgehalen, zum Beispill den Décrochage scolaire, e Sujet iwwer deen de Plaidoyer Social vun der FEDAS Lëtzebuerg och schonn e Pressecommuniqué erausgeschéckt hat.

Lauschtert eran

in
Share this post
Labels
Archive